Den Cent Buttek zu Beggen, den vun de Gemeng Walfer an der Stad Letzebuerg ënnerstetzt get, mecht eng immens wertvoll Arbecht fir déi sozial ganz schwaach Leit aus denen 2 Gemengen, virun allem och fir d’Famillen mat Kanner. All denen Leit, déi am Cent-Buttek hellefen e groussen Merci. Si maachen hir Arbecht komplett benevol. De Comité vun der LSAP-Walfer war haut op Besuch an huet sech de Funktionnement vun deser sozialer Epicerie erklären gelooss. Gläichzäiteg as en Deel vum Erléis vum Fréijorsfest 2016 vun der LSAP-Walfer un den Cent-Buttek iwereescht gin.