pot de la rentrée LSAP Uelzechtdall

LSAP Pot de la Rentree 150921-505728Quasi zäitgläich mat der Ouverture vun der Nordstrooss A7 huet de Robert Goebbels an engem Exposé d’Réalitéiten vun deem Mammutprojet beliicht.
Iwwer 50 interesséiert Bierger woren e Méindeg den Owend am Lëntgener Veräinssall beim “Pot de la Rentrée” vun der LSAP Sektioun Lëntgen a vun de Sozialisten aus dem Uelzechtdall.
No Wëllkommenswierder vun der Lëntgener Sektiounspräsidentin, Yasmine Streveler, huet de fréiere Bauteminister a Papp vun der Nordstrooss, de Robert Goebbels, an engem interessanten Exposé e Réckbleck iwwert 18 Joër Planungen, iwwert d’Widerstänn an d’Réalisatiounen beim Mammutprojet “Nordstrooss A7”, gemaach.
Duerno huet den Alain Weins vun den LSAP-Uelzechtdall-Sektiounen, déi gemeinsam Aktivitéiten vun den Sozialisten aus dem Uelzechtdall virgestallt.
Bei engem gudde Patt an engem klenge Maufel ass den Owend mat flotten Diskussiounen zu Ënn gaangen. (Foto: Paul Provost)

Comments are closed.