Serie Focus 21: “The Human Scale” – 15. März 19h00

Image

An der Serie „Focus 21“ weise mer de Film „The Human Scale“. Zenter e puer Joerzéngten stellt den Architekt an Urbanist Jan Gehl d’Liewen vun de Mënschen an de Groussstied an de Mëttelpunkt vu senger visionärer Aarbecht. Dobäi geet et dem Architekt drëms neit Liewen an d’Innenstied ze bréngen. D’Relatioun zweschen gebauter Ëmwelt an der Liewensqualitéit vun de Bewunner ass fir de Jan Gehl a seng Kollegen zentral. Et geet och drem, dass d’Stied net um Autosverkéier erstécken, mee dass och Plaz fir Foussgänger a Vëlosfuerer geschaaf gëtt. Dobäi ginn prominent Beispiller aus Europa, Neuseeland, USA a China gewisen. Et ass eng Dokumentatioun, déi weist wéi een d’Verstädterung, déi eng Tatsaach ass, trotzdeem mat Architektur kann positiv gestalten.

15. März 19h00 – Centre Prince Henri, Walferdange
De Film gëtt an der englescher Originalversioun gewisen mat däitschen Ënnertitelen. Nom Film kann bei engem Patt diskutéiert gin.